Mir schléissen eis dem Dr. Herbert Renz-Polster un, wann hie schreift, dass virun allem d’Fundamentalkompetenzen, déi d’Kanner entwéckele mussen – Steierung vum Ech, sozial Kompetenz, Resilienz a Kreativitéit – ënner anerem Grondlag vun enger staarker an eegestänneger Perséinlechkeet, didaktesch net vermëttelbar sinn an nëmmen duerch Eegenerfarunge vum Kand entwéckelt kënne ginn. Eegenerfarungen erfuerderen Courage, deen d’Kand nëmmen opbrénge kann, wa schützend Bezéiungen dëse Prozess begleeden (Renz-Polster, 2014). Den Opbau vun dëse Fundamentalkompetenzen kann also nëmme beschtméiglech geschéien, wann e Kand eng sécher Bindung zu senge Bezuchspersounen opgebaut huet, déi et him erlaabt, seng Ëmwelt selbstänneg ze entdecken, nei Erfarungen op natierlech Aart a Weis ze sammelen an op allen Niveauen ze wuessen.
An dësem Sënn inspiréiert eis de Plädoyer vum Renz-Polster fir eng selwer gestalten fräi Kandheet a léist sech mam Opruff « Bezéiungskonzepter statt Bildungskonzepter » resuméieren (Renz-Polster, 2014, S.216). Fir eise Bléck op d’Mënsche spillt d’Bindungstheorie als Grondlagentheorie eng iwwergeuerdent Roll. D’Verbanne vun enger evolutionärer Perspektiv mat der klassescher Bindungstheorie bréngt eis um Mamerhaff zu eng bindungs- a bedürfnisorientéiert Siichtweis. Kanner duerch Wuerzelen zu Flilleken verhëllefen, fanne mir eng wäertvoll Sicht- an Handlungsweis fir ons als Erwuessenen.
Usätz, Initiativen a Konzepter wéi d’« Art-gerecht-Projekt », d’« Attachment Parenting », d’Co-Working Konzept « Rockzipfel », souwéi dem Gerald Hüther seng « Schulen der Zukunft » oder dem Peter Mortensens seng « neue Führungskompetenz », awer och bindungs- a bedürfnisorientéiert Konzepter fir Crèchen an ausserschoulesch Betreiungsstrukturen interesséieren eis a mir diskutéieren se zesummen.
Mir zielen eis zum Grupp vun den « Mompreneurs ». Froen zur Vereenbarkeet vu Famill a Beruff, wéi och d’Realiséierbarkeet vun engem perséinlechen Liewens- a Familljemodell stinn permanent am Zentrum vun eisen Iwwerleeungen.