D’Hypnose nom Erickson schafft op der onbewussten Ebene, dat heescht, dass de Client an ee verännerten Bewosstsinnszoustand, och Trance genannt, bruecht gëtt. D’Hypnose léist sech ganz villfälteg asetzen, z.B. bei Phobien, Ängschten, der Veraarbechtung vun traumateschen Erliefnisser, Verloschter, bei der Anästhesie, bei Gewiichtsreduktioun oder fir Steigerung vun der eegener Leeschtungsfäegkeet.